Op den Inhalt sprangen

NGC 7027

Vu Wikipedia
Date vum NGC 7027
De planetareschen Niwwel NGC 7027 Foto vum Hubble Space Telescope
ObjettypPlanetareschen Niwwel
StärebildCygnus (Cyg)
Positioun (Equinoxe J2000.0)
Rektaszensioun21h 07m 01,7s
Deklinatioun+42° 14' 12"
Ausgesinn
Visuell Magnitude+8,5m
Wénkelduerchmiesser0,3' × 0,2'
Zentralstär
BezeechnungHD 201272 (SAO 50463, BD +41° 4004)
Spektralklass 
Physikalesch Daten
Gehéiert zu derMëllechstrooss
Distanzzirka 3000 Liichtjoer
Absolut Hellegkeet 
Absolutten Duerchmiesserzirka 14.000 AE
Radialvitess+8,9 km/s
Alterzirka 600 Joren
Katalogbezeechnungen
NGC 7027, PK 84-3.1, PN G084.9-03.4

Beim NGC 7027 handelt et sech ëm e Rescht vun engem sonnenänleche Stär, deen e planetareschen Niwwel gemaach huet. E läit op enger Distanz vun 3.000 Liichtjoer vun eis ewech am Stärebild Cygnus (Schwan). Seng visuell Magnitude ass 8,5 mag an en huet e Wénkelduerchmiesser vun ongeféier 0,3 × 0,2 Bouminutten. De richtegen Duerchmiesser vum NGC 7027 ass ronn 14.000 AE (0,2 Liichtjoer), womat hien zu de klengsten a jéngste bekannte planetareschen Niwwele gehéiert. Säin Alter gëtt op ronn 600 Joer geschat.
Den NGC 7027 gouf am Joer 1878 vum Édouard Jean-Marie Stephan entdeckt.

Portal Astronomie

 Commons: NGC 7027 – Biller, Videoen oder Audiodateien